Skip to main content

Symposium 2024

| News LU

Déi 3. Editioun vum Symposium „Beweegung, méi ewéi nëmmen Sport? Sport, méi ewéi nëmmen Beweegung?” am LTPES mat der Participatioun vum Educatiounsminister Claude Meisch an der Gesondheetsministesch Martine Deprez war erëm ee grousse Succès. De Symposium huet sech nees mam Wierkungsgeflecht vu Beweegung a Sport am Kontext vun der ganzheetlecher Entwécklung bei ganz klenge Kanner, bei Kanner a bei Jugendlechen mam d'Zil, d’Akteuren am Beräich vun der Beweegungsförderung ze ënnerstëtzen. De Schwéierpunkt luch dëst Joer um Volet “Raum fir Beweegung” an déi vernetzte Gemeng, déi iwwerall Beweegung fördert.

De positiven Afloss vu Beweegung a Sport op déi kierperlech, sozial, psychesch-emotional a kognitiv Entwécklung ass ëmstridden. An deem Sënn soll d’Erausfuerderung ugeholl an dem Beweegungsmangel an deenen domat zesummenhängende gesondheetleche Probleemer entgéintgewierkt ginn, andeems d’Loscht un der Beweegung an de Spaass um Sport vu klengem un an iwwer déi verschidde Liewensspannen an alle Liewensberäicher an de Mëttelpunkt geréckelt ginn.

Dëst Joer ass de Prof. Dr. Rolf Schwarz vun (Pädagogische Hochschule Karlsruhe) mat dem Keynote-Virtrag zum Thema „Eine Reise durch die vernetzte Kommune: Vom Spielplatz, zur Betreuungseinrichtung, zum Sportverein, zur Schule“ op d’Ufuerderungen un d’Ëmwelt, fir déi spezifisch Entwécklungsbedürfnisser optimal opzegräifen a raimlech ëmzesetzen, agaangen. Duerno stoungen eng grouss Unzuel un inspiréierende Virträg a Workshope vun nationalen an internationalen Experten an der Beweegungsförderung um Programm.

Nodeems déi bal 200 Participanten mat vill Engagement un deene sëllechen Atelieren deelgeholl haten, gouf de Symposium duerch eng flott Zirkuspräsentatioun vum Emilie, vum Mia a vum Finn ënnert der Leedung vum Jorge Pinto ofgeschloss.