Skip to main content

Symposium „Beweegung, méi ewéi nëmme Sport? Sport, méi ewéi nëmme Beweegung?“

Zu Lëtzebuerg ass eent vu fënnef Kanner tëschent 11 an 12 Joer iwwergewiichteg!

Dës Tatsaach geet aus dem Joresrapport 2023 vum Observatoire national de la santé (ObSanté) ervir. D'Verbindung tëscht Iwwergewiicht, schlechten Ernärungsgewunnechten an dem Mangel u kierperlecher Aktivitéit ass wëssenschaftlech hilänglech nogewisen.(1) Trotzdeem geléngt et säit Joren net, dësen Trend ze stoppen. Sou ass d'Zuel vu Jongen a Meedercher, déi un Adipositas oder Iwwergewiicht leiden, tëscht 2014 an 2022 stänneg an d’Lut gaangen.(2)

Mam Symposium „Beweegung, méi ewéi nëmme Sport? Sport, méi ewéi nëmme Beweegung?“, verfollege mir als Organisateuren d'Zil fir dëser negativer Entwécklung entgéint ze wierken, andeems mir Acteuren aus de Beräicher Beweegungsförderung bei klenge Kanner, Kanner a Jugendlechen a villfälteg Iddien an Ureegunge fir d‘Ëmsetzung am Alldag ubidden.

Bei der dësjäreger Editioun vum Symposium läit de Fokus um Potenzial vun ënnerschiddleche Raim fir d’Förderung vun der Beweegung. D'Participanten erwaart eng breet Pallette u Virträg a praktesche Workshop‘e vun nationalen an internationalen Experten zur sënnvoller Gestaltung vu Sport- a Beweegungsaktivitéiten dobaussen an dobannen.

Um Programm stinn Themen a Bezuch op ënnerschiddlech Ëmgéigenden (Sportshal, Bësch, Beweegungsraum, Klassesall ...), fir de Rahmenbedingungen vun allen Acteure Rechnung ze droen.

Weider Informatiounen iwwert d’Aschreiwung an de komplette Programm ginn iwwer déi verschidde Kanäl verdeelt.

De Symposium ass Deel vum IFEN-Weiderbildungsprogramm fir d’Participanten aus der Educatioun an d’Participatioun um Symposium gëtt och vum Service National de la Jeunesse (SNJ) am Kader vum obligatoresche Weiderbildungsprogramm am Secteur vun der non-formaler Bildung unerkannt.

 

Umelle kann een sech iwwert folgend Linken:

-fir d’Peronal aus der non-formaler Bildung.

-fir d’Personal vun der Éducation nationale op der Säit vum IFEN.

 

(1) Moschonis, G.; Trakman, G.L. Overweight and Obesity: The Interplay of Eating Habits and Physical Activity. Nutrients 2023, 15, 2896.

(2) Observatoire national de la santé (2023), Healthy Future: A report on Child Health in Luxembourg, Luxembourg.

  • Hits: 1008

Gratulatioun un d’ Diploméiert vum LTPES 2024!

Mat grousser Freed gratuléiert d'Schoulgemeinschaft vum LTPES all eise Schüler_innen a Student_innen, déi dëst Joer hiren Diplom krut hunn!

Dësen aussergewéinleche Moment markéiert de Schluss vun engem bedeitende Kapitel an hirer akademescher Rees a gläichzäiteg den Ufank vun neien a spannende Méiglechkeeten. Hir haart Aarbecht, hiren Engagement an hire Wëllen hunn sech bezuelt gemaach, a mir si stolz op all eenzele vun eise Schüler_innen a Student_innen.

D’Justizministesch Elisabeth Margue an den Educatiounsminister Claude Meisch hunn den  04.07.2024 respektiv den 08.07.2024 un eise Feieren deelgeholl. De Claude Meisch huet d’Diplomer un eis 1SGED- Student_innen an d’Madame Elisabeth Margue un eis 1GED-Schüler_innen iwwerreecht. D’Präsenz vum Här Minister Claude Meisch a vun der Madame Minister Elisabeth Margue ënnersträichen d’Wichtegkeet vun den Errongenschaften an déi héich Unerkennung vun de Schüler_innen a Student_innen, déi si och wierklech verdéngt hunn.

Dëst Joer hate mir d’Éier 211 Schüler_inne vun der 1GED ze feieren, déi de Premièresdiplom kruten, an 199 Student_innen, déi den Diplôme d'État d'Éducateur/trice op der 1SGED kruten an elo bereet sinn, fir an d’ Beruffsliewen anzetrieden.

Wéi all Joer goufen och d’Schüler_innen a d’Student_innen mat de beschte Punkten vun eisen Invitéë fir hir exzellent Leeschtunge mat Präisser ausgezeechent.

Léif Laureaten, mir wënschen Iech alles Guddes fir är berufflech a perséinlech Zukunft. Gitt mat Courage, Vertrauen an Optimismus an déi nächst Etapp vun ärem Liewen. Egal wou äre Wee Iech hiféiert, denkt drun, datt Dir ëmmer eise Stolz an e wichtege Bestanddeel vun der LTPES-Famill bleift.

Mir freeën eis och, ons zukünfteg Terminale-Student_innen am nächste Joer op enger 1SGED begréissen ze kennen an ënnerstëtze si op hirem Wee fir Educateur_trice ze ginn!

Mir soen all deenen ee grousse Merci, déi dës Diplomiwwerreechungen erméiglecht hunn, vun der Organisatioun bis hin zu de ville klenge Gesten, déi dëst Evenement onvergiesslech gemaach hunn.

*Fotoen a Videoe fannt dir um Sharepoint.

- Remise des diplômes 1ères Allocution de la Directrice [PDF]

- Remise des diplômes 1SGED Allocution de la Directrice [PDF]

  • Hits: 622

Inklusiv Spillkiermes

E richtegt flott Event huet den 28. Juni 2024 am LTPES stattfonnt. D'Spillkiermes war eent vun deene groussen Evenementer, dat den LTPES am Kader vum 50. Anniversaire vun der Educateurs/tricen-Ausbildung ënnert dem Motto "50 Joer Erzéien als Beruff" organiséiert huet, an huet ënnert dem Haut Patronage vun dem Grand-Duc a der Grande-Duchesse stattfonnt.

Mir, d'ganz Schoulgemeinschaft vum LTPES, sinn immens dankbar, datt S.A.R. de Groussherzog déi éischt inklusiv Spillkiermes am LTPES besicht huet.

Mir soen och allen anere Gäscht ee grousse Merci, besonnesch deene vill Kanner an hiren Enseignanten a Begleeder, esou wéi eisen externer Partner youngcaritas, CAPEL an Service national de la jeunesse.

Mir sinn houfreg op eis Schüler*Innen déi sech iwwert vill Wochen Gedanken an Méi gemaach hunn fir vill flott Statiounen op ze bauen an all Visiteur bei de Spiller ze begleeden.

Mir soen och dem Lycée des Arts et Métiers an dem OKAJU ee grousse Merci fir déi exzellent Zesummenaarbecht am Projet "zesummen anescht, anescht zesummen" am Kader vum Projet "Cliché" vun der ASTI; déi zesumme kreéiert Publikatioun ass op der Spillkiermes virgestallt ginn.

D’Event war e vollen Erfolleg!

Klickt hei fir e puer Andréck vum Dag ze kréien. 📸

  • Hits: 749

Holocaust Remembrance Day 01.07.24

Am Kader vum Holocaust Remembrance Day hat den LTPES zwee Zäitzeien op Besuch, de Claude Marx, Zäitzeien vun der éischter Generatioun an de de Marc Cukier, Zäitzeien vun der zweeter Generatioun. Den Här Marx an den Här Cukier hunn hir eege Liewensgeschicht souwéi d’Geschicht vun hire Famillen zur Zäit vum Holocaust mat de Schüler a Schülerinne, mam Personal a mat eise Gäscht aus der Fritz-Bauer-Gesamtschule vu Sankt Augustin gedeelt.

Dat gemeinsaamt Erënneren un de Völkermord während der NS-Zäit huet den Dialog tëscht verschidde Generatiounen erméiglecht an et konnte wichteg souwéi och ganz aktuell Froen zesumme mat den Zäitzeien diskutéiert ginn.

  • Hits: 647

De Soziale Stamminet n°3.2

Neit Datum!

De 3. Juli 2024 fënnt am Kader vun “50 Joer - Erzéien als Beruff” eng Gespréichsronn  zum Thema "De Club Senior – En “nice to have” oder wierklech noutwendeg?" statt.

Wann Dir Interessi hutt un dësem Stamminet deel ze huelen, luede mir Iech an Iech bis den 27.06.2024 iwwert den QR-Code um Flyer oder iwwert follgende Link un ze mellen.
https://forms.office.com/e/ze2Sc4Euyb

Wou? Maison de retraite St. Joseph – 37, rue de Colmarberg L-7525 Mersch

Wéini? Mëttwoch, den 3. Juli 2024 um 18h30

D'Invitéen sinn:

  • Josy Holcher
  • Alain Brever
  • Fernand Sauer & Lydie Koster
  • Jerry Hartung
  • Roger Folmer

An moderéiert gëtt dëse Stamminet vum Geert van Beusekom!

👉 Hei fannt dir de Programm vum Stamminet.👈

  • Hits: 801