Skip to main content

Symposium „Beweegung, méi ewéi nëmme Sport? Sport, méi ewéi nëmme Beweegung?“

| News LU

Zu Lëtzebuerg ass eent vu fënnef Kanner tëschent 11 an 12 Joer iwwergewiichteg!

Dës Tatsaach geet aus dem Joresrapport 2023 vum Observatoire national de la santé (ObSanté) ervir. D'Verbindung tëscht Iwwergewiicht, schlechten Ernärungsgewunnechten an dem Mangel u kierperlecher Aktivitéit ass wëssenschaftlech hilänglech nogewisen.(1) Trotzdeem geléngt et säit Joren net, dësen Trend ze stoppen. Sou ass d'Zuel vu Jongen a Meedercher, déi un Adipositas oder Iwwergewiicht leiden, tëscht 2014 an 2022 stänneg an d’Lut gaangen.(2)

Mam Symposium „Beweegung, méi ewéi nëmme Sport? Sport, méi ewéi nëmme Beweegung?“, verfollege mir als Organisateuren d'Zil fir dëser negativer Entwécklung entgéint ze wierken, andeems mir Acteuren aus de Beräicher Beweegungsförderung bei klenge Kanner, Kanner a Jugendlechen a villfälteg Iddien an Ureegunge fir d‘Ëmsetzung am Alldag ubidden.

Bei der dësjäreger Editioun vum Symposium läit de Fokus um Potenzial vun ënnerschiddleche Raim fir d’Förderung vun der Beweegung. D'Participanten erwaart eng breet Pallette u Virträg a praktesche Workshop‘e vun nationalen an internationalen Experten zur sënnvoller Gestaltung vu Sport- a Beweegungsaktivitéiten dobaussen an dobannen.

Um Programm stinn Themen a Bezuch op ënnerschiddlech Ëmgéigenden (Sportshal, Bësch, Beweegungsraum, Klassesall ...), fir de Rahmenbedingungen vun allen Acteure Rechnung ze droen.

Weider Informatiounen iwwert d’Aschreiwung an de komplette Programm ginn iwwer déi verschidde Kanäl verdeelt.

De Symposium ass Deel vum IFEN-Weiderbildungsprogramm fir d’Participanten aus der Educatioun an d’Participatioun um Symposium gëtt och vum Service National de la Jeunesse (SNJ) am Kader vum obligatoresche Weiderbildungsprogramm am Secteur vun der non-formaler Bildung unerkannt.

 

(1) Moschonis, G.; Trakman, G.L. Overweight and Obesity: The Interplay of Eating Habits and Physical Activity. Nutrients 2023, 15, 2896.

(2) Observatoire national de la santé (2023), Healthy Future: A report on Child Health in Luxembourg, Luxembourg.