Skip to main content

Aschreiwungen

An dëser Rubrik fënnt een all noutwendeg Informatiounen fir eng Inscriptioun an déi verschidde Klassen.

Ënnert folgendem Link kann een en éischten Abléck an d'Formatioun an an d'Beruffswelt vun dem*r Educateur*trice kréien: https://openeducation.lu/courses/modul1

Hei ass eng Uleedung zur Benotzung vun der Openeducation-Plattform:

Aschreiwungen 2GED

D'Pré-inscriptiounen sinn ab dem 11. März 2024 op fir d'Klass 2GED fir d'Schouljoer 2024/25. Den Délai fir d'Pré-inscriptiounen ass den 28. Abrëll 2024.

Beuecht w.e.g. folgend Schrëtt:

Aschreiwungen DAP Éducation (DP-1ED)

Fir d’Rentrée 2024/2025 bitt den LTPES keng DP-1ED Klass un. Hei drënner fannt Dir d’Lëscht vun de Lycéeën déi dës Klass ubidden:

  • Däitschsproocheg Klassen:

Lycée du Nord Wiltz, Ecole privée Sainte-Anne, Ecole privée Fieldgen, Maacher Lycée, Ecole privée Marie-Consolatrice, Lycée Guillaume Kroll, Bouneweeger Lycée Luxembourg, Lycée Nic Biever, Nordstad Lycée

 

  • Franséischsproocheg Klassen:

Nordstad Lycée, Lycée Mathias Adam, Lycée Technique du Centre

Passerelle SO - bedéngten Entrée op 1SGED

D'Inscriptiounen fir d'Passerelle SO sinn elo méiglech. D'Admissiounen ginn als Admissions conditionnelles ausgeschwat op der Basis vun candidature sur dossier. D'Zuel vun de Plazen ass limitéiert.

De Bewerbungs-Dossier muss folgend Pièces enthalen:

  • Bewerbungsformulaire
  • Passfoto
  • Motivatiounsbréif, aus deem d'Grënn ervirginn, déi d'Kandidatin oder de Kandidat dozou derzou beweegt hunn, fir de Beruff vum Erzéier oder vun der Erzéierin unzestriewen
  • Kopie vun der Zensur 1GSO (1. an 2. Semester)
  • Diplôme de fin d’études secondaires (oder eng Preuve de réussite des examens)
  • Curriculum vitae
  • Rezent Extraiten aus dem Casier: Bulletin N°3 a Bulletin N°5

Primaner vum aktuelle Schouljoer 2023-24 musse bis spéitstens den 12. Juli eng Kopie vun der Zensur vum 2. Semester souwéi eng Copie conforme vun hirem Diplôme de fin d’études ofginn.

Nëmme komplett Bewerbungs-Dossiere gi fir d'Auswahlprozedur consideréiert.

Eng gewësse Beruffs- oder Praxiserfarung gëtt virausgesat.

All weider Informatiounen sinn dem Bewerbungsformulaire ze enthuelen.

Délai d’inscription: Sonndeg, 23. Juni 2024