Skip to main content

MERCI fir de Parrainage vun engem Assistenzhond

| News LU

Den LTPES seet der ASA (Amicale vun der Schoul fir Assistenzhonn) an der Maison Relais aus dem Préizerdaul e ganz léiwe MERCI fir de Parrainage vun engem Assistenzhond vun „Handi-chiens“. Dëse méi wéi generéisen Don ass duerch verschidden Aktivitéiten an Manifestatiounen zesummekomm, déi d’Maison Relais vum Préizerdaul am Laf vum Joer organiséiert huet.

De Mupp wäert vum November 2023 un am LTPES „schaffen“ an engersäits fir d’Wuelbefanne vun alle Memberen vun eiser Schoulgemeinschaft suergen, an och ënnert anerem d‘Réussite scolaire vun eise Schüler*innen förderen.