Skip to main content

Porte Ouverte 2025

Mir invitéieren Iech häerzlech op eis Porte Ouverte den 14. Mäerz 2025 vun 17:00 – 20:00. Mir freeën eis op Iech!

 

 

 

Porte Ouverte 2025

  • Hits: 42

Eisen jéngsten Lieser

Eisen jéngsten an fläissegsten Lieser gouf viru kuerzem vun eisen Bibliothecairen geéiert. Mir sinn houfreg, esou engagéiert jonk Lieser ze hunn, déi eis Bibliothéik reegelméisseg besichen an hir Léift zu Bicher an Wëssen weisen.

Eis Bibliothéik huet e wonnerbaren Kanner-Eck, dee speziell fir eis kleng Visiteuren entworf gouf.

Kommt laanscht a profitéiert vun eiser ëmfangräicher Sammlung. Mir freeën eis drop, Iech bei eis ze begréissen!

  • Hits: 159

Schéi Feierdeeg!

Mir wënschen iech an äre Famillje schéi Feierdeeg an e gudde Rutsch!

 

  • Hits: 424

LTPES Chrëchtmaart 2024

De Weekend war den LTPES mat engem Stand um Mierscher Chrëschtmaart vertrueden.
Am Kader vum Skistage zu Hochfügen hunn d’ SchülerInnen an d' Personal mat vill Engagement pikante Chilli a leckere Glühwäi verkaf.
Villmools merci un eise PÉ déi finanziell an organisatoresch Ënnerstëtzung an ee grousse Merci och u Jiddereen deen sech vun eis verwinne gelooss huet

Image 68

Image 69

Image 71

Image 72

Image 75

Image 76

  • Hits: 5836

Projet d’établissement: De Raum als 3. Erzéier:in

Projetsgrupp:

  • DA COSTA Manuel,
  • DOCKENDORF Joëlle,
  • GORGE Jana,
  • LINSTER Laurence,
  • LOOR Cathia,
  • MARQUES OLIVEIRA Cátia,
  • RASSEL Valérie

Leedung vum Projet:

  • GORGE Jana

Picture1

Beschreiwung vum Projet:

Duerch de PÉ soll Raum dofir zur Verfügung gestallt ginn, dass Participatioun, Villfalt an Eegeninitiativ vun der Schoulgemeinschaft kënne gelieft ginn. Déi eenzel Wierkungsfelder sinn sou geduecht, dass se souwuel konkret schoulesch Aktiounen an Offeren uviséieren an och am non-formale Schoulbetrib sollen ëmgesat ginn. D’Offere striewen d´Bedeelegung vun allen Acteuren vun der Schoul un a bidden nom COVID d´Chance, rëm méi Zäit mateneen ze verbréngen an ze interagéieren.

Picture2

Doduerch dass Raim nei ausgeluecht, geschafen an/oder zu engem bestëmmten Zweck ëmgestalt ginn, gëtt de Léierenden zäitgläich d’Relevanz vum Raum a sengem pedagogeschen resp. erzéiereschen Impakt bewosst gemaach. Duerch de Pé gëtt sou eng praxisbezunnen Method, den „learning by doing” gefërdert an zäitgläich kréien déi Léierend iwwert den informelle Wee eng Méiglechkeet, sech mam Kader vu Léierëmfelder vun hire verschiddenen Adressategruppen ausenaner ze setzen. D’Léierëmfeld gëtt, wéi schonn erwäänt, bis dato kaum am Curriculum vun der Formatioun vum edukative Personal berücksichtegt. Doduerch bitt de Pé d’Méiglechkeet, d’Wësse wat eis zukünfteg Educateuren:tricen am Zesummenhang mam Pé sech uneegnen, mat op hir Stageplazen a spéider op hir Aarbechtsplazen ze huelen an do als Multiplicateuren ze fungéieren.

Ziler:

  • Et gëtt en „Open Room“ fir d’Schoulgemeinschaft, wou een seng Impulser fir Bedierfnisser, Themen an Iddien uschwätzen an ëmsetze kann.
  • 6 Gäng ginn ëmbenannt, fächeriwwergräifend ëmgestalt a bidden der Schoulcommunautéit Orientéierung.
  • 6 Bedierfnis-/Themenraim gi geschafen a gi jee no Bedarf nei ausgeriicht an ëmgestalt. Dës Beräicher hëllefen och bei der Orientéierung.
  • 2-3 Schoulritualer (Schoulfest, Chrëschtmaart) sinn Deel vum Schouloflaf a fërderen schoulesch Identitéit.
  • De Raum als 3. Erzéier:in gëtt vun de Léierenden no hirer Formatioun am LTPES an d’Beruffspraxis gedroen. Domat gëtt eng beruflich Identitéit geschafen.
  • Verschidden Hëllefsmëttel (inklusiv Beschëlderung, analog a digital Kaart, ...) si verfügbar, fir sech am Schoulgebai vum LTPES ze orientéieren.

 

 

  • Hits: 5722