Skip to main content

Table ronde ANCES

Als Fachverband mat iwwer 45 Joer Erfarung huet d’ances a.s.b.l. en Dënschdeg, den 3 Mäerz 2026, mat enger interessanter Table ronde e Bléck zréck op 50 Joer Educateurs- an Educatriceformatioun geworf.

Zesumme mat Gäscht aus dem soziale Secteur gouf d'Entwécklung vun der Educateurs- an Educatricenausbildung iwwer d'Jore retracéiert an d'Erausfuerderungen fir d'Zukunft diskutéiert. Den LTPES war an dëser flotter Ronn duerch seng Directrice, d’Madame Claudine Muller, vertrueden.

Den LTPES war och am Publikum gutt representéiert: D'ganz Direktioun esou wéi eng ganz Rei Membere vum Schoulpersonal ware present an hunn aktiv un der Diskussioun deelgeholl.

 

  • Hits: 10

Cookie Day mat der Klass CCP Intégration vum CNFPC

E groussen MERCI un d’Klass CCP Intégration vum CNFPC!

Fir hiren Asaz a Engagement beim Cookie Day fir den LTPES hunn si als Merci eng flott Photocollage vum Event zeréckkritt.
Eng schéin Erënnerung un eng Aktioun, déi Solidaritéit, Zesummenhalt an Engagement gewisen huet. Bravo!

Merci am Viraus

  • Hits: 211

Holocaust-Gedenkdag

Am Kader vum Holocaust-Gedenkdag huet den LTPES e Moment vum Austausch a vum Erënneren organiséiert an d’Madamm an den Här Cukier-Jakubowicz empfaangen, Zeie vun der zweeter Generatioun vun der Shoah.

Duerch androcksvoll Erzielungen iwwer d’Leed, dat hir Familljen am Zweete Weltkrich hu missen erliewen, konnten ongeféier honnert Schülerinnen a Schüler sech de dramatesche Realitéite méi no bréngen, déi d’jiddesch Communautéit ënner dem nationalsozialistesche Regimm erlieft huet.

Dës Temoignagen hunn engem dacks éischter theoretesch behandelte, tragesche Kapitel vun der Geschicht eng mënschlech a gräifbar Dimensioun ginn. D’Begéinung huet domat e wichtege Moment vun der Reflexioun a Sensibiliséierung duergestallt an d’Schülerinnen a Schüler dozou ugestouss, iwwer d’Konsequenze vun Haass, Ausgrenzung a Vergiessen nozedenken. 

Foto9

Foto3

Foto4

Foto5

Foto7

Foto10

Foto11

Foto 12

  • Hits: 276

Don fir d'ASA asbl

Op eiser Personal-Chrëschtféier gouf och dëst Joer nees fläisseg fir e gudden Zweck gesammelt. Dobäi konnt souguer en neie Rekord opgestallt ginn: Insgesamt sinn 3.400 Euro zesummekomm.

Mir hu bewosst d’ASA asbl als Beneficiaire ausgewielt, well mir am LTPES selwer schonn d’Chance haten, duerch d’ASA asbl en Assistenzhond – d’Saga – finanzéiert ze kréien.

Vertrieder vum Comité de la Conférence hunn de Scheck mat grousser Freed un d’ASA asbl iwwerreecht a freeën sech, esou e wichtege Projet kënnen z’ënnerstëtzen.

  • Hits: 283

Ausstellung „Sproochen zu Lëtzebuerg“

 D’Sarah Muller an hir Arbëchtskolleg_innen vum Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch (ZLS) hunn eis zwou Woche laang immens fachkënneg a sympathesch duerch d’Ausstellung „Sproochen zu Lëtzebuerg“ begleet. An dëser Zäit konnten d’Klasse vun eiser Terminale, also aus dem 3. Ausbildungsjoer, un enger Rei Visitten am Beräich Linguistik deelhuelen. Ausserdeem gouf och eng IFEN-Formatioun fir d’Enseignanten ugebueden.


Nieft dësen Aktivitéite gouf och dem Yves Steichen säi Filmowend um Campus Miersch organiséiert, esou wéi eng ganz Rëtsch vu Besichtegunge fir extern Interesséierter, ënnert anerem fir de Biergerpakt.


Mir freeën eis drop, och dat nächst Joer nees mam ZLS ze kollaboréieren.

WhatsApp Image 2025 12 09 at 15.27.27 1

WhatsApp Image 2025 12 09 at 15.27.26

WhatsApp Image 2025 12 09 at 15.27.26 1

WhatsApp Image 2025 12 09 at 15.27.26 2

WhatsApp Image 2025 12 09 at 15.27.26 3

WhatsApp Image 2025 12 09 at 15.27.26 4

WhatsApp Image 2025 12 09 at 15.27.27

 

  • Hits: 688