Skip to main content

Noexamen 2025 – Gratulatiounen un all Laureaten

| News LU

Den 06.10.2025 konnte mir eise Schüler*inne gratuléieren, déi hir Noexame gepackt hunn. Fir si hu mir eng Mini-Diplomiwwerreechung organiséiert, op der si hiren Diplom iwwerreecht kruten.

Fir vill vun de Jonken ass den Ofschloss vun der Première just den Ufank vun hirem akademeschen oder beruffleche Wee. Hiren Erfolleg weist, datt si bereet sinn, nei Erausfuerderungen unzehuelen a weider op hir Ziler zou ze schaffen.

Léif Laureaten, mir wënschen Iech alles Guddes fir Är berufflech a perséinlech Zukunft. Gitt mat Courage, Vertrauen an Optimismus an déi nächst Etapp vun Ärem Liewen. Egal wou äre Wee Iech hiféiert, denkt drun, datt Dir ëmmer eise Stolz an e wichtege Bestanddeel vun der LTPES-Famill bleift.

Mir freeën eis och iwwert all déi Student*innen, déi sech decidéiert hunn, weiderhin an eisem Lycée fir eng 1SGED ze bleiwen an ënnerstëtzen si gäre weiderhin op hirem Wee fir Educateur*trice ze ginn!

Fotoen sinn um Sharepoint gesat, gitt also ëmmer emol erëm dohi luussen