Skip to main content

Schéi Feierdeeg!

Mir wënschen iech an äre Famillje schéi Feierdeeg an e gudde Rutsch!

 

  • Hits: 80

LTPES Chrëchtmaart 2024

De Weekend war den LTPES mat engem Stand um Mierscher Chrëschtmaart vertrueden.
Am Kader vum Skistage zu Hochfügen hunn d’ SchülerInnen an d' Personal mat vill Engagement pikante Chilli a leckere Glühwäi verkaf.
Villmools merci un eise PÉ déi finanziell an organisatoresch Ënnerstëtzung an ee grousse Merci och u Jiddereen deen sech vun eis verwinne gelooss huet

Image 68

Image 69

Image 71

Image 72

Image 75

Image 76

  • Hits: 5521

Projet d’établissement: De Raum als 3. Erzéier:in

Projetsgrupp:

  • DA COSTA Manuel,
  • DOCKENDORF Joëlle,
  • GORGE Jana,
  • LINSTER Laurence,
  • LOOR Cathia,
  • MARQUES OLIVEIRA Cátia,
  • RASSEL Valérie

Leedung vum Projet:

  • GORGE Jana

Picture1

Beschreiwung vum Projet:

Duerch de PÉ soll Raum dofir zur Verfügung gestallt ginn, dass Participatioun, Villfalt an Eegeninitiativ vun der Schoulgemeinschaft kënne gelieft ginn. Déi eenzel Wierkungsfelder sinn sou geduecht, dass se souwuel konkret schoulesch Aktiounen an Offeren uviséieren an och am non-formale Schoulbetrib sollen ëmgesat ginn. D’Offere striewen d´Bedeelegung vun allen Acteuren vun der Schoul un a bidden nom COVID d´Chance, rëm méi Zäit mateneen ze verbréngen an ze interagéieren.

Picture2

Doduerch dass Raim nei ausgeluecht, geschafen an/oder zu engem bestëmmten Zweck ëmgestalt ginn, gëtt de Léierenden zäitgläich d’Relevanz vum Raum a sengem pedagogeschen resp. erzéiereschen Impakt bewosst gemaach. Duerch de Pé gëtt sou eng praxisbezunnen Method, den „learning by doing” gefërdert an zäitgläich kréien déi Léierend iwwert den informelle Wee eng Méiglechkeet, sech mam Kader vu Léierëmfelder vun hire verschiddenen Adressategruppen ausenaner ze setzen. D’Léierëmfeld gëtt, wéi schonn erwäänt, bis dato kaum am Curriculum vun der Formatioun vum edukative Personal berücksichtegt. Doduerch bitt de Pé d’Méiglechkeet, d’Wësse wat eis zukünfteg Educateuren:tricen am Zesummenhang mam Pé sech uneegnen, mat op hir Stageplazen a spéider op hir Aarbechtsplazen ze huelen an do als Multiplicateuren ze fungéieren.

Ziler:

  • Et gëtt en „Open Room“ fir d’Schoulgemeinschaft, wou een seng Impulser fir Bedierfnisser, Themen an Iddien uschwätzen an ëmsetze kann.
  • 6 Gäng ginn ëmbenannt, fächeriwwergräifend ëmgestalt a bidden der Schoulcommunautéit Orientéierung.
  • 6 Bedierfnis-/Themenraim gi geschafen a gi jee no Bedarf nei ausgeriicht an ëmgestalt. Dës Beräicher hëllefen och bei der Orientéierung.
  • 2-3 Schoulritualer (Schoulfest, Chrëschtmaart) sinn Deel vum Schouloflaf a fërderen schoulesch Identitéit.
  • De Raum als 3. Erzéier:in gëtt vun de Léierenden no hirer Formatioun am LTPES an d’Beruffspraxis gedroen. Domat gëtt eng beruflich Identitéit geschafen.
  • Verschidden Hëllefsmëttel (inklusiv Beschëlderung, analog a digital Kaart, ...) si verfügbar, fir sech am Schoulgebai vum LTPES ze orientéieren.

 

 

  • Hits: 5431

D’Ofschlossevent vum 50. Anniversaire vun der Educateurs/tricen-Ausbildung

D’Ofschlossevent vum 50. Anniversaire vun der Educateurs/tricen-Ausbildung ënnert dem Motto

50 Joer Erzéien als Beruff

fënnt den 10. Dezember 2024 am Restaurant A Guddesch zu Biereng/Miersch a Form vun enger Konferenz mat engem uschléissende Soziale Stamminee statt. All déi wichteg Informatioune fannt Dir um Flyer.  

Hei eise Line up fir d’Table Ronde:

Moderatioun:

  • Maxi Pesch: Journalistin bei 100,7
  • Pascale Worré : Promovéiert Philosophin an Attachée à la direction am LTPES

Invité(e)ën:

  • Prof. Dr. Veronika Verbeek: Autorin vum Buch: „Die neue Kindheitspädagogik- Chancen, Risiken, Irrwege”
  • Thomas Köhl: Directeur adjoint vun Arcus asbl
  • Michèle Schilt: Directrice adjointe vum Zentrum fir politesch Bildung
  • Claudia Dias: Bachelor en Sciences sociales et éducatives
  • Pol Piret : Chargé de direction vum Butzenhaus - Inter-action asbl
  • Cynthia Gonçalves : Conseillère socio-pédagogique am SEA Lënster Päiperlék asbl

Dir musst deen Owend och keen Honger leiden, well de Soziale Stamminee mat engem Buffet vum Restaurant A Guddesch encadréiert gëtt.

Mellt Iech bis de 4. Dezember iwwert dëse Link oder de QR-Code um Flyer un an maacht Iech bäi, well d' Platzen si begrenzt https://forms.office.com/e/Ndea55S6BD  

Mir freeën eis op Iech!


Flyer 1

Flyer 2

  • Hits: 5815

LASEL Volleyball Championnat

En Donneschdeg, de 7. November huet eng Equippe vum LTPES um LASEL Volleyball Championnat am Stater Kolléisch deelgeholl, engem Tournoi, bei deem 24 Lycéeë vertruede waren.

Eis Equippe huet 3 Matcher gespillt, dovunner ee gläichgespillt a leider der 2 verluer.

Felicitatiounen un eis Equippe fir hiren Asaz!

  • Hits: 1619