Skip to main content

Den Ofschlossdag 2025 – Zesummen erliewt, zesummen ofgeschloss!

Gëschter, den 09.07, war de leschte Schouldag fir d'Clija, DP2ED an 2GED-Klassen. Op engem Rallye duerch den LTPES a Bieréng konnten eis Schüler a Schülerinnen sech nach eng leschte Kéier op ënnerschiddleche Statiounen als Klass ënner Beweis stellen. 💪🏻

D'Mëttegpaus hu mir eng leschte Kéier all zesumme konnte bei engem gudde Barbecue verbréngen. 🌭

Am Kader vum Ofschloss vum Schouljoer huet de „PE - de Raum als drëtten Erzéier:in“ fir de séissen Ofschloss gesuergt🍦 an och d'Gewënnerklass 2GED03 🏆 mat engem Kino-Ticket belount. 🎞️🍿

Mir soen all de Klassen, den Enseignanten a jidderengem den eng Hand mat ugepak huet villmools Merci fir hiren Asaz a wënsche jidderengem eng schéi Summervakanz! ☀️🌴

 

  • Hits: 7

Diplomfeier 2025 – Stolz op eis Absolvent*innen!

Häerzlech Felicitatiounen un all eis 1SGED Student*innen, déi hiren Diplom kritt hunn! 🎓👏

E leschte Meindeg, de 7.7.2025, huet de Max Hahn (Ministre de la Famille, des Solidarités, du Vivre ensemble et de l’Accueil) an Annette Schmit (Commissaire de gouvernement) d'Diplomer un eis talentéiert Student*innen iwwerreecht. Hir haart Aarbecht an hiren Engagement hunn sech gelount.

Mir wënschen Iech alles Guddes fir d’Zukunft a vill Erfolleg op Ärem weidere Wee! 🌟

Kuckt Iech dës onvergiesslech Momenter un a deelt d'Freed mat eis! 📸✨
📷 Méi Fotoe vum Owend ginn an de nächste Wochen op de Sharepoint gesat, gitt also ëmmer emol erëm dohi luussen.

 

 

  • Hits: 8

MediaDay 2025 am LTPES – Eng gelongen Aktioun!

Och dëst Joer war de MediaDay am LTPES erëm e grousse Succès.

Eis Terminal-Klassen vun D1 hu mat vill Engagement d’2ième-Schüler*innen op eng spannend Rees an d’Welt vun de Medie matgeholl.

En Dag laang hunn d’Schüler*innen vun der D1 iwwer 30 interaktiv a lieweg gestalt Workshops ugebueden – alles ënnert dem Thema Medienkompetenz.

D’Zil war et, déi jonk Generatioun fir e bewossten a kriteschen Mediengebrauch ze sensibiliséieren – an dat ass hinne ganz sécher gelongen!

  • Hits: 216

Atelier Holocaust-Remembrance Day

Am Kader vun der Befreiung vum KZ Auschwitz an dem Enn vum 2. Weltkrich den 8. Mee 1945, vun deem 2025 den 80. Anniversaire gefeiert gouf, gouf am Fach DPAPE an eisem Lycée (Déontologie, Personnalité et Attitude Professionnelle de l’Éducateur/de l’Éducatrice) e Projet mat der Klass 1SGED09 duerchgefouert.

D’Schüler_innen hunn an Ateliere geschafft, déi si selwer geplangt haten – zu den Themen Cinqfontaines, Gerecht ënnert de Vëlker an Éierekodex Besa.

Den 12. Juni 2025 huet eng Grupp vu 14 Schüler_innen vun der Fritz-Bauer-Gesamtschoul vu Sankt Augustin (D), zesumme mat zwou Enseignanten, un zwee vun dësen Atelieren deelgeholl.

Ofgeronnt gouf de Projet duerch eng Visitt op Cinqfontaines (Pafemillen) an eng perséinlech Entrevue mam Marc a mam Mireille Cukier (Témoins de la deuxième génération).

  • Hits: 284

Fairtrade-Frühstück fir Äddi ze soen – E besonnesche Moien den 8. Mee

Den 8. Mee haten all eis Premièresklassen en aussergewéinlechen, leschte Schouldag: Bei engem gemeinsame Fairtrade-Frühstück mat 300 Participanten – Schüler_innen an hir Enseignanten – hu mir net nëmmen e leckeren, mee och e bewosste Start an den Dag erlieft.

Servéiert goufe regional, saisonal a fair gehandelt Produiten, déi net nëmmen duerch hire Goût iwwerzeegt hunn, mee och duerch hir Hierkonft an duerch d’Produktionsbedéngungen. D’Zil vun dësem Event war et, d’Bewosstsinn fir de fairen Handel an eng nohalteg Konsumkultur ze stäerken – besonnesch mat Bléck op d’Roll vun eise Schüler_innen als zukünfteg Erzéier_innen a Virbiller fir déi nächst Generatiounen.

E grousse Merci geet un de GIMB-Label (gesond iessen – méi beweegen), deen dëse gelongene Moien duerch seng finanziell Ënnerstëtzung erméiglecht huet.

E schéinen Ofschloss mat Sënn, Zesummenhalt a mat engem klore Bléck an eng méi gerecht Zukunft!

  • Hits: 241