"Liesen a Liewen am Däischteren" 2026
Am Kader vun de Journées du livre et du droit d'auteur, déi dëst Joer ënnert dem Thema "Liesen a Liewen am Däischteren" stoungen, huet d'Bibliothéik vum LTPES e Freideg, den 24. Abrëll 2026 eng Sensibiliséierung iwwert visuell Beanträchtegung organiséiert. An Zesummenaarbecht mam Centre pour le développement des compétences relatives à la vue (CDV) goufen zwee Atelieren organiséiert, un deenen d'Schüler:innen vun de Klassen 1SGED01 an 1SGED02 deelgeholl hunn.
De Workshop iwwer Orientéierung a Mobilitéit huet sech drop konzentréiert, wéi een de Leit mat visuellen Beanträchtegungen kloer Richtungsinformatioune gëtt an hinnen hëlleft, sech an hirer Ëmgéigend ze orientéieren.
Den zweeten Workshop war der taktiler Erfuerschung gewidmet, an d'Schüler hunn taktil Materialien kenne geléiert, déi zum Beispill an de Schoulen als Alternativen zu Texter, Biller a Kaarten benotzt kënne ginn.
D'Workshops waren esou konzipéiert, datt d'Schüler aktiv matmaache konnten, fir selwer d'Schwieregkeeten a Barrièren ze erliewen, mat deenen Leit mat enger visueller Beanträchtegung konfrontéiert sinn, an ze léieren, wéi een hinnen hëllefe kann.
Mir wëllen dem CDV Merci soen fir d'Organisatioun vun dëse beräichernde Sensibiliséierungs-Workshops!
Zousätzlech huet eis Bibliothéik d'Thema vun der visueller Beanträchtegung de ganzen Dag iwwer ervirgehuewen an de Schüler d'Méiglechkeet ugebueden, een taktilen Memory op der Plaz auszeprobéieren.






















