Skip to main content

CLIJA Excursion Marienthal

| News LU

Eis CLIJA-Klass (classe d'intégration pour jeunes adultes) war den 20. Mee an de Mariendall fir do un 3 flotten Aktivitéiten am Parc à cordes zum Thema "Top-Rope" deelzehuelen.

Bei summerlechen Temperaturen huet d'Klass missen ee Poul vun iwwer 15m an als Team eng hëlze Leeder iwwer 20m eropklammen an huet uschléissend däerfen an enger Riseschaukel klunschen. D'Schüler_innen hunn all mat grousser Begeeschterung matgemaach an hir Limitte gesicht an iwwerwonnen.

Et war ee ganz gelongenen Nomëtteg, deen den Teambuildung ënnerstëtzt huet!