Skip to main content

Projet d’établissement: De Raum als 3. Erzéier:in

| News LU

Projetsgrupp:

  • DA COSTA Manuel,
  • DOCKENDORF Joëlle,
  • GORGE Jana,
  • LINSTER Laurence,
  • LOOR Cathia,
  • MARQUES OLIVEIRA Cátia,
  • RASSEL Valérie

Leedung vum Projet:

  • GORGE Jana

Picture1

Beschreiwung vum Projet:

Duerch de PÉ soll Raum dofir zur Verfügung gestallt ginn, dass Participatioun, Villfalt an Eegeninitiativ vun der Schoulgemeinschaft kënne gelieft ginn. Déi eenzel Wierkungsfelder sinn sou geduecht, dass se souwuel konkret schoulesch Aktiounen an Offeren uviséieren an och am non-formale Schoulbetrib sollen ëmgesat ginn. D’Offere striewen d´Bedeelegung vun allen Acteuren vun der Schoul un a bidden nom COVID d´Chance, rëm méi Zäit mateneen ze verbréngen an ze interagéieren.

Picture2

Doduerch dass Raim nei ausgeluecht, geschafen an/oder zu engem bestëmmten Zweck ëmgestalt ginn, gëtt de Léierenden zäitgläich d’Relevanz vum Raum a sengem pedagogeschen resp. erzéiereschen Impakt bewosst gemaach. Duerch de Pé gëtt sou eng praxisbezunnen Method, den „learning by doing” gefërdert an zäitgläich kréien déi Léierend iwwert den informelle Wee eng Méiglechkeet, sech mam Kader vu Léierëmfelder vun hire verschiddenen Adressategruppen ausenaner ze setzen. D’Léierëmfeld gëtt, wéi schonn erwäänt, bis dato kaum am Curriculum vun der Formatioun vum edukative Personal berücksichtegt. Doduerch bitt de Pé d’Méiglechkeet, d’Wësse wat eis zukünfteg Educateuren:tricen am Zesummenhang mam Pé sech uneegnen, mat op hir Stageplazen a spéider op hir Aarbechtsplazen ze huelen an do als Multiplicateuren ze fungéieren.

Ziler:

  • Et gëtt en „Open Room“ fir d’Schoulgemeinschaft, wou een seng Impulser fir Bedierfnisser, Themen an Iddien uschwätzen an ëmsetze kann.
  • 6 Gäng ginn ëmbenannt, fächeriwwergräifend ëmgestalt a bidden der Schoulcommunautéit Orientéierung.
  • 6 Bedierfnis-/Themenraim gi geschafen a gi jee no Bedarf nei ausgeriicht an ëmgestalt. Dës Beräicher hëllefen och bei der Orientéierung.
  • 2-3 Schoulritualer (Schoulfest, Chrëschtmaart) sinn Deel vum Schouloflaf a fërderen schoulesch Identitéit.
  • De Raum als 3. Erzéier:in gëtt vun de Léierenden no hirer Formatioun am LTPES an d’Beruffspraxis gedroen. Domat gëtt eng beruflich Identitéit geschafen.
  • Verschidden Hëllefsmëttel (inklusiv Beschëlderung, analog a digital Kaart, ...) si verfügbar, fir sech am Schoulgebai vum LTPES ze orientéieren.