Skip to main content

Kannerrechter an der pädagogescher Aarbecht

E grousse Merci un d’UNICEF-Team (Madame Schmit a Madame Felten), dat eis den 18.11.2025 am Kader vum Thema "Kannerrechter an der pädagogescher Aarbecht" am Fach BEBIB vum 3. Ausbildungsjoer am DAP Éducation besicht huet.

Eis zukünfteg Agents-Pédagogiquen hunn eng gutt verständlech Aféierung an d’Aarbecht vun UNICEF Lëtzebuerg an UNICEF International kritt an hu vill konkreet Praxisbeispiller kennegeléiert.

Merci fir déi wäertvoll a praktesch Rotschléi!

  • Hits: 10

Rucksackbibliothéik

Den 29. Oktober 2025, huet de Lycée technique pour professions éducatives et sociales am Kader vun der Järlecher Zeremonie eng Wallis vun der « Rucksakbibliothéik » am Escher Theater iwwerreecht kritt, a Präsenz vum Här Claude Meisch, Ministre de l'Éducation nationale, de l'Enfance et de la Jeunesse, an der Madame Elisabeth Margue, Ministre de la Justice.

D’« Rucksakbibliothéik. Vun de Schoule fir d'Schoulen » ass een interdisziplinäre Projet, deen et Schüler_innen erméiglecht, sech duerch verschiddene pädagogesch a spilleresch Aktivitéiten ee verdéiftent Verständnis vum Zweete Weltkrich unzëeegnen. Deen 2017 vun der Aarbechtsgrupp « Pédagogie et Sensibilisation » vum Comité pour la mémoire de la Deuxième Guerre mondiale (CM2GM) an d’Liewe geruffene Projet zielt haut eng Abberzuel vu Lycéeën a Schoulen a sengem Netzwierk.

Den 2016 gegrënnten CM2GM regruppéiert d‘Vertrieder vun der Resistenz, den Zwangsrekrutéierten an den Affer vun der Shoa. Zu sengen Aufgabe gehéiert et ënnert anerem, d’Mémoire un den Zweete Weltkrich ze fërderen an d‘Ëffentlechkeet, besonnesch d‘Jugend, ze sensibiliséieren.

 

 Image 2 min

575182143 801576249373971 820604569495079696 n

WhatsApp Image 2025 11 12 at 09.50.27 1

  • Hits: 171

Journée de la Commémoration Nationale am Lycée Technique pour Professions Éducatives et Sociales (LTPES) an am Lycée Ermesinde (LEM)

E Sonndeg, den 19. Oktober 2025, war déi dësjäreg Journée de la Commémoration Nationale, op der un der Lëtzebuerg Bevëlkerung hire Widderstand, hir Solidaritéit an hire Kampf géint d'Nazi-Besatzung tëscht 1940 a 1945 erënnert gëtt.

Déi traditionell kulturell Rencontre zum Thema Erënnerung, organiséiert vum Comité pour la mémoire de la Deuxième Guerre mondiale, mat der Participatioun vum LEM a vum LTPES huet um Campus scolaire Miersch stattfonnt. D'Evenement a Präsenz vum Här Claude Wiseler, President vun der Chambre des députés, dem Här Claude Meisch, Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend, an dem Här Michel Malherbe, Buergermeeschter vun der Gemeng Miersch, huet dem feierleche Charakter vum Gedenken entsprach.

Ried vun der Direktrice Claudine MULLER (PDF)

 

 

 

  • Hits: 334

Diplomiwwerreeschung DAP 2025

Felicitatiounen un eis éischt Promotioun vun der Formatioun vum Agent socio-pédagogique!
Den 8. Oktober kruten si hiren Diplôme d’aptitude professionelle (DAP) an der Rockhal zu Esch/Uelzecht iwwerreecht.
Mir si stolz op Iech a wënschen Iech vill Erfolleg an Erfëllung an Ärer berufflecher Zukunft.el.

©️Fotoen: Photography Raoul Somers sarl Ministère de l'Éducation nationale, de l'Enfance et de la Jeunesse

 

 

 

 

 

 

  • Hits: 445

Visite vun der Photoausstellung „The Family of Man“ zu Klierf

 Eng Grupp vun 12 StudentInnen an enger Léierpersoun aus dem LTPES huet den 1.10.2025 déi legendär Photosammlung „The Family of Man“ vum Edward Steichen am Schlass vu Klierf besicht.

D’Ausstellung ass Deel vum UNESCO „Weltdokumentenerbe“.

De Photoen hir Botschaft ass zäitlos a ganz relevant: Mir sinn all Mënschen, trotz all eisen Ënnerscheeder, an eng global Famill!

D‘StudentInnen hunn d’Ausstellung fir sech als zukünfteg/en Educatrice/Educateur mat sengen interaktiven Aktivitéite kenne geléiert.

Ee grousse Merci am Numm vum LTPES un déi ganz kompetent Equipe vum Centre national de l’audiovisuel fir déi immens informativ Visite guidée!

 

  • Hits: 361